Home
 

Über uns

Wat stellen Reesefrënn Lëtzebuerg duer? Wou kommen se hier? An wat sinn hier Zieler?

D ‘Associatioun Reesefrënn kennt aus der Gewerkschaft OGBL-ACAL Syndikat Transport, wou se schonns iwwer 20 Joer Reesen fir hier Memberen organiséiert haten.
Am Mäi 2013 hunn se sech nei forméiert, ënnert dem Numm Reesefrënn Lëtzebuerg asbl. Reesefrënn Lëtzebuerg organiséieren Reesen, besonnesch fir Leit am 3.ten Alter, déi nett méi gären eleng an Vokanz fueren.
Mär maachen all Reservatiounen fir eis Reesen direkt beim Hotelier, an organiséieren selwer all Excursiounen, déi ob enger Rees laut Programm gemaach ginn.
Den Bus mam Chauffer huelen mär natierlech bei enger lëtzebuerger Entreprise.Well mär déi ganz Organisatioun vun eisen Reesen sëlwer maachen , ginn déi Reesen fir eis Memberen natierlech vill méi bëllech wéi eng organiséiert Rees bei den Lëtzebuerger Busunternehmen.
Natierlech ass dat awer berechtegt wëll d’Busunternehmen hunn Personal ze bezuelen, Bürokäschten, a.s.w. an mussen och Geld verdéngen.
Mär hunn een Comité deen dat bénevol mëscht.

Mär organiséieren déi Reesen och nëmmen fir eis Memberen, woubäi mär natierlech vill Wäert ob Kollegialitéit leeën. Interesséiert Persounen kënnen mat engem
Obnahmebeitrag vun 10.- € an uschléissend mat engem Joresbeitrag vun 10.- € och dobäi sinn.

Wann Där interesséiert sidd, informéiert Iech um Telefon 23 62 12 68 beim Sekretär Mett Waldbillig oder schëckt eis dësen Formulaire ausgefëllt eran.


Top